D‘ Sortiment reecht vum klassesche Berdorfer Kéis mat verschiddene Räifzäiten, mat oder ouni Kraider, iwwert den Huemens bis bei de wäit bekannte Roude Bouf. Dobäi kommen nach Frëschkéis, Stoffi a Joghurt an alle méigleche Variatiounen. Och fir ze baken oder ze kache sënn des Spezialitéite super.