Mir lueden Iech häerzlech an, mat eis en gemittlechen Raclette-Owend ze verbréngen.
De Start an d’Begréissung sinn um 18:30 Auer, wou mir e klenge Patt op Käschte vum Haus zerwéieren.
Duerno geet et weider mat enger Féierung duerch d’Kéiserei (+/- 1 Stonn).
No der Féierung erwaart Iech en gemittlecht traditionellt Raclette-Iessen mat de klasseschen Zutaten wéi Gromperen, Ham, Geméis, Brout an natierlech dem leckere Berdorfer Roude Bouf.
- Beginn: 18:30 Auer
- Zuel: Maximal 36 Persounen
- Präis: Erwuessener 39,50 € – Kanner (bis 10 Joor) : 24,50 €